Quisel

Mantis religiosa

Erkennen!

D’Quisel ass ganz liicht un hire laange viischte Been ze erkenne mat deenen si hiert Iesse fänkt. Männercher kënne 4-6 cm grouss ginn a sinn also däitlech méi kleng wéi d’Weibercher (5-7.5 cm). Quisele sinn entweder gréng oder brong gefierft an doduerch gutt getarnt.

Wousst der schon?

An de leschte Joeren si regelméisseg Quisele bei ons am Minette an och an der Musel-Géigend gesi ginn. Quisele liewe ganz gär a Wise mat eenzelne Straicher op waarme Plazen. Um Menu stinn Heesprénger, aner Insekten an esouguer méi kleng Quiselen. Et kënnt also heiansdo vir dat de Mann nom Verkoppele vun der Fra gefriess gëtt. Déi 150-300 Eeër ginn an enger Posch aus Schaum, den duerno haart gëtt an d’Eeër virun der Hëtzt an och der Keelt schützt, op Planzen oder ënner Steng geluecht. An dëser Oothéik iwwerstinn d’Eeër de Wanter. Enn Mee-Ufank Juni klamme Larven aus den Eeër. Si gläichen erwuessene Quisele, si just méi kleng an hunn nach keng Flilleken. Erwuesse Quisele kënne gutt fléien. D’Entwécklung vum Ee bis bei déi erwuessener Quisel dauert ongeféier 3 Méint.
De komeschen Numm ass ganz liicht ze erklären: wann d’Quisel op en Insekt lauert dann hält si déi viischt Been esou wéi wann si géif bieden.

Quisel
Foto: Jean Schock