Déieren zu Lëtzebuerg

Den Nationalmusée fir Naturgeschicht zu Lëtzebuerg wëll méi Informatiounen iwwer d'Virkommen an d'Verbreedung vu verschiddenen Déiere kréien, déi, obwuel si nach relativ heefeg sinn, däitlech Unzeeche vu Réckgang bei hirer Unzuel an hirer Verbreedung weisen.
Fir dozou esou vill ewéi méiglech Donnéeën ze kréien, biede mir Iech bei dëser nationaler Erfaassung matzemaachen. Sot eis wann ech gelift:

Wou a wéini hutt Dir eent vun dësen Déiere gesinn?

Är Mataarbecht hëlleft eis, fir besser ze verstoen, firwat verschidden Aarten am Moment zréckginn a wat mir kënne maachen, fir eis Biodiversitéit ze erhalen. Villmools Merci fir Är Hëllef.

Hei sinn déi Déieren, no deene mir sichen:

Klickt op eng Foto, fir méi Informatiounen zu där Aart ze kréien oder eng Beobachtung anzeginn.