Ee Quadratmeter fir d’Biodiversitéit

Wat fir eng Planze wuessen an ärem Wues?

Fir dat erauszefannen an e klenge Bäitrag zur Biodiversitéit an eisen Uertschaften ze maachen, maacht Folgendes:

Markéiert an ärer Wiss mat klenge Péil an enger Ficelle eng Parzell vun engem Quadratmeter, déi dir dëst Joer net mat méit. Sou kënnen d‘Planzen déi do wuessen an d’Bléi kommen. No an no kënnt dir se erkennen, aginn an är Lescht vervollstännegen.