Signalkriibs

Pacifastacus leniusculus

Erkennen!

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Pacifastacus leniusculus.

Wousst der schon?

De Signalkriibs ass den am heefegsten verbreeten Kriibs zu Lëtzebuerg. En huet säit senger Aféierung (wahrscheinlech an den 1970er- Joren) en groussen Deel vun den heemeschen aquatesche Gebidder eruewert. Ewéi aner invasiv Flosskriibsen och (z. B dem Amerikanesche Sumpfkriibs, Procambarus clarkii), ass en fir gastronomesch Zwecker agefouert ginn, wat leider zu enger Katastroph fir enheemesch Flosskriibsen zu enger Katastroph ginn ass. A Lëtzebuerg huet des Aktioun zum Verschwannen vum Steenkriibs (Austropotamobius torrentium) an dem quasi-Verschwannen vum Edelkriibs (Astacus astacus) gefouert, ënner​ anerem wéinst der Iwwerdroung vun der Kriibspescht. Hautzedaags​ stellt den Signalkriibs och nach eng Gefor fir aner eenheemsch Aarten wéi d‘Baachmuschel duer.​

Signalkriibs
Tiago De Sousa