Kamberkriibs

Orconectes limosus

Erkennen!

De Kamberkriibss ass tëschent 7-14 cm laang a kann bis zu 120 g ginn. Seng Faarf ass éischer brongelzeg (geet bis an d'Grot a souguer d'Gréngelzegt iwwer). En ass duerch seng vereenzelt donkelroud Flecken op dem Schwanz ze erkennen. Aner Kritären fir d'Identifizéierung sinn de schaarfen Dar op dem Hannerleif virun den Schéieren, d'Schnëss mat bal parallelen Ränner déi an engem Dräieck endegen an d'Orange gefierften Spëtzen vun de Schéieren sou wéi d'Dären op den Baken.

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Orconectes limosus.

Wousst der schon?

De Kamberkriibs ass hei zu Lëtzebuerg net sou wäit verbreet ewéi den Flosskriibs, mee et kann een en an e puer Baachen oder Gewässer wei der Musel oder dem Uewersauer Séi fannen. En ass wahrscheinlech an den spéiden 70er-Joren agefouert ginn. Wie d‘Signalkriibser kann och des Aart der heemescher Biodiversitéit vill schiedegen a steet och op der Unionslëscht vun der EU-Veruerdnung Nr. 1143/2014.​

Kamberkriibs
David Holdich