Feierblumm

Papaver rhoeas

Erkennen!

D'Feierblumm ënnerscheet sech vun deenen aneren, ähnlechen Mohn-Arten duerch seng feierrout Bléieblieder mat schwarze Flecken um Fong an déi blo-schwaarz Stëpsblieder. De Still huet vun ënnen bis uewen Hoer, déi ewech stinn. Dogéint ass d'Fruuchtkapsel net behoërt a weist um Deckel ongeféier 10 brong Narben. Si ass manner wéi 2x sou laang wéi breet.

Wousst der schon?

D'Some vun der Feierblumm ginn duerch kleng Lächer ënnert dem Deckel vun der Fruuchtkapsel wéi mat engem Salzstreeër verdeelt. D'Feierblumm huet sech mat der Landwirtschaft iwwert d'ganz Welt verbreet. Si gëtt an der Volleksmedezin géint den Houscht, als liicht Berouegungsmëttel a géint de Wéi benotzt. An hirem wäisse Mëllechsaaft sinn verschidden schwaach gëfteg Alkaloïden; dat aus dem Schloofmohn bekannten Morphin ass awer net derbäi.

Feierblumm
John van Breda