Fangerhutt

Digitalis purpurea

Erkennen!

Déi bis 2 m héich Bléiestänn vum Fangerhutt fënnt een regelméisseg op Lichtungen oder an Böschungen. Déi moof Bléien, déi un e Fangerhutt erënneren, hunn bannen dran méi däischter Flecken, déi den Insekten de Wee an d'Bléi weisen. Déi ganz Planz ass filzëg behoërt.

Wousst der schon?

De Fangerhutt gehéiert zu deene staark gëftege Planzen aus eise Géigenden; schon e puer Gramm gedréchent Blieder kënnen déidlech sinn. Si enthaalen härzwierksam Glycosiden, déi wann se richteg doséiert sinn en excellent Stärkungsmëttel fir d'Häerz erginn. D'Blat-Rosette vum Fangerhutt gläichen deene vun der iessbarer Heelwuerzel. Et kann een den Ënnerscheed awer liicht spiren: d'Blieder vum Fangerhutt sinn sametteg mell, déi vun der Heelwuerzel ganz rau behoert.

Fangerhutt
John van Breda