Beifussblättriges Drauwenkraut

Ambrosia artemisiifolia

Erkennen!

D'Planz ka bis zu 2 m héich wuesen, hir Stiller si buuschteg a verfierwen sech bei eeleren Planzen roudelzeg. D'Blieder si zerschnidden, buuschteg an op béide Säiten donkelgréng. Zousätzlech wuesen d'Blieder der Basis entgéintgesat, awer an der ieweschter Halschent ofwiesselnd. Beim Zerdrécken verbreeden d'Blieder kee Geroch.

Klickt hei fir weider Informatiounen zu Ambrosia artemisiifolia.

Wousst der schon?

D’Beifussblättriges Drauwenkraut ass eng invasiv exotesch Aart an Lëtzebuerg a staamt ursprénglech aus Nordamerika. Si kennt net nëmmen net vun hei, si produzéiert zousätzlech och nach Pollen, op di vill Leit staark allergesch reagéieren. D‘Planz wiisst viru allem an vum Mënsch verännerten an gestéierten Liewensraim, wie beispillsweis op Baustellen. D‘Beifussblättriges Drauwenkraut huet bestëmmten Mierkmoler, un der een se erkennen kann, gëtt awer oft mat aneren Aarten wei dem gewéinlechen Beifuss verwiesselt.​

Beifussblättriges Drauwenkraut
Merike Linnamagi