Startsäit
Wëllkomm um Dateportal vum Fuerschungszenter vum Nationalmusée fir Naturgeschicht. Duerch dëse Portal kritt dir Zougank zu den Donnéeën iwwert dem Musée seng Sammlungen an d'Biodiversitéit vu Lëtzebuerg. Am Musée senger zentraler Datebank gëtt et ongeféier eng Millioun Daten iwwert d'Virkommen vu Planzen-, Déieren- an Pilz-Arten, déi vun de Wëssenschaftler vum Musée a vun aneren ëffentlechen oder privaten Organisatioune gesammelt gi sinn. De Musée ass och amgaangen seng Sammlungen ze digitaliséieren an dës Daten online zougänglech ze maachen.
- Daten iwwert déi biologesch a geologesch Sammlunge vum Musée fannt Dir hei.
- Wëllt Dir Matmaachen? Gitt Är eege Beobachtunge vun Déieren a Planzen an an hëlleft mat d'Wëssen iwwert d'Biodiversitéit zu Lëtzebuerg ze verbesseren.
Donnéeën aus eiser Biodiversitéits-Datebank kënnt Dir iwwert eise Kaarte Portal offroën.
Dëse Portal funktionéiert nëmmen an folgenden Internet Browseren, déi dir kënnt gratis hei eroflueden: Opera, Safari, Google Chrome, Firefox (Versioun 3.6).
Dir kennt e Konto zum Kaarteportal ufroen, fir accès zu den detailléierten Daten ze kréien, andeems Dir folgende Formulair ausfellt.








